Roadmap

Eng Roadmap fir #digital_léieren

roadmapD’Welt an domat och d’Welt vun der Educatioun befënnt sech zanter Mäerz 2020 an enger Ausnamesituatioun. De Lockdown am Fréijoer 2020 huet gewisen, wéi schwéier et ass, eng Pandemie-Situatioun ze meeschteren, ouni datt d’Educatioun vun eise Kanner a Jugendlechen dorënner leit. A sou Situatiounen ass et néideg, kreativ ze ginn an alternativ Léierweeër ze fannen. Distanz an digital Hëllefsmëttele sinn dobäi wichteg, fir sanitär Krisen an de Grëff ze kréien. Mee wann et ëm d’Léiere geet, kann d’Doheem d’Schoul net ersetzen an den digitalen Apparat net den Enseignant. Et geet dorëm, e Kontext ze schafen, an deem een esou gutt et eebe geet, eng pedagogesch Kontinuitéit ka garantéieren.

Méi

Digitaalt Léieren, an der Klass oder op Distanz, erfuerdert nieft dem „Dosinn“ an dem Funktionéiere vun der Technik vill Eegeverantwortung vun de SchülerInnen a vun de Léierpersounen. Besonnesch si mussen hir Roll als Vermëttler vu Contenuen, als Steiermann/- fra vu Léierprozesser, als BetreierIn vun hire SchülerInnen nei interpretéieren an dobäi sécherstellen, hir eege Motivatioun an déi vun hire SchülerInnen oprechtzeerhalen. Am digitale Léieren ass d'Kommunikatioun eng aner an nei Kollaboratiounsméiglechkeeten entstinn. An net ze vergiessen: Och d’Wuelbefannen an d’mental Gesondheet mussen am Bléck bleiwen.

Schliisslech stelle sech awer och Froen zu de Perséinlechkeetsrechter an zum Dateschutz, wa Schoul op Distanz gehale muss ginn, resp. wann digitaal Instrumenter am Unterrecht benotzt ginn. Déi gesetzlech Rumm ass selbstverständlech ze respektéieren, mee Unterrecht muss och an de vilfältegen, am Detail oft net plangbaren Alldagssituatioune funktionéieren. Fir datt gutt geduechte Pläng net dorunner scheiteren, gëllt et, gedeelte Reegelen opzestellen, déi Halt ginn, déi de Léierdag strukturéieren an déi Léieren erméiglechen.

Op dëser Säit fannt Dir verschidden Zougäng zum digitale Léieren a mir hoffen, mir kënnen dozou bäidroen, datt d'Zousatzbelaschtung sou kann a Grenze gehale ginn.  

Manner