Op dëser Säit ginn a regelméissegen Ofstänn online Austauschtreffen zu verschiddenen Thematiken ugebueden.
Dës Austauschtreffe gi vun Membere vun der Divisioun fier Schoulentwéckelung vum SCRIPT moderéiert a begleed. Ziel ass ët, vuneneen a mateneen ze léieren, eng aner Perspektiv op déi eege Praxis ze kréien an op eng ko-konstruktiv Manéier weider Handlungsmodeller ze entwéckelen.
Den Austausch an d’Interaktioun tëschent de Participanten sti bei dësen Treffen am Virdergrond. D'Unzuel vun de Participanten ass dofier limitéiert. D'Aschreiwung ass obligatoresch an d'Participatioun gët vum IFEN als Weiderbildung unerkannt.
Dëse Site ass reservéiert fir Enseignanten. Fir de komplette Contenu vum Site ze gesinn, loggt Iech w.e.g. mat ärem IAM an.