Roadmap

Molconcours fir Kanner am Kader vum Weltwaasserdag

Säit 1992 gëtt all Joer um 22. Mäerz op der ganzer Welt de Weltwaasserdag gefeiert. Dëst Joer steet de Weltwaasserdag ënnert dem Thema „De Wäert vum Waasser“ (valuing water).

Waasser bedeit verschidde Saache fir d’Leit op der Welt. Wat bedeit Waasser fir dech? Wéi wichteg ass d’Waasser fir dech an dengem alldeeglechem Liewen. Oft begéine mir d’Waasser ouni eis iwwert säi Wäert bewosst ze sinn, zum Beispill wann et doheem aus dem Krunn kënnt oder mir ouni Bedenken dra schwamme kënne goen.

Eis gebaute Welt doheem

Mam Martine an Nadine op Entdeckungsrees tëscht de véier Wänn.

Doheem gëtt et vill ze erfuerschen: Faarwen, Luucht, Raim, Miwwelen, Geräischer an nach villes méi!

Gëff och du Expert vun allem, wat deng gebaute Welt doheem ausmécht. Mir huelen dech mat op eng Rees, doheem. Hei fënns du kleng Aktivitéite fir dës Rees zum Thema eis gebaute Welt doheem.

Dës spannend Missioune si fir Schülerinnen a Schüler vum Cycle 3 a 4.

Méi jonk Schüler kenne mat Hëllef vun den Elteren och matmaachen.

Schéckt d’Fotoen vun

Schouldoheem.lu on air!

An der Woch vum 4. bis den 8. Januar 2021 ass, opgrond vun der sanitärer Kris, rëm schouldoheem ugesot. D’Enseignantë begleeden d’Kanner an déi Jonk op Distanz. Fir si ze entlaaschten an de Schülerinnen a Schüler aus der Grondschoul e puer flott Léiermomenter ze bidden, bréngt de SCRIPT – hei op schouldoheem.lu – vun dënschdes bis freides all Dag véier bis fënnef Live-Streams à jeeweils maximal 45 Minutten op de Schierm. Dës ginn op Lëtzbuergesch ugebueden.

Gewënner vum Summerschool2020 MathleTIC Challenge

Mir si frou, d’Gewënner vum Summerschool2020 MathleTIC Challenge kënne matzedeelen:

Cycle 3
LOPES MARTINS Leonardo
OCAKTAN Sami
DECKER Lilly

Cycle 4
COSTA Gaël
CONSTANTIN Sophia-Elena
SCHOLZ Mailys

Cycle Inférieur ES
THILLEN Jérémy

Gewonnen hu si e “Coding Kit“ mat engem Ozobot, deen si selwer programméiere kënnen. De Cadeau kënnt demnächst mat der Post un.

Bravo am Numm vum MathemaTIC Team !

Lëtz go wild - Gewënner

Mir sinn frou d’Gewënner vun der Summerschool2020 Challenge " Lëtz go wild " kënne matzedeelen :

1. Zoé Winandy (9 Joer)

2. Lea Winandy (7 Joer)

Gewonnen hunn si e flotte Kaddo, deen se op weideren Aventuren, awer och am Schoulalldag kënnen notzen: e Frupstut-Set vu Restopolis.

Dëse besteet aus enger Restopolis-Frupstut aus Kotteng, engem 0,5l myCan-Bidon aus Inox fir waarm an kal Gedrénks, e myKit-Besteck -Set mat enger Forschett, engem Messer an engem Läffel an eng kleng 500 ml-ECOBOX.

Bravo am Numm vum Challenge Team !

Eraus an d’frësch Loft: „Eis gebaute Welt“ entdecken a fachiwwergräifend léieren! – Formatiounen a pedagogescht Material

Schoul muss net ëmmer am Klassesall stattfannen, och dobausse kann ee léieren, zum Beispill am Quartier ronderëm d’Schoul, am Nopeschduerf oder an enger vun de flotte Stied hei am Land. Mam Entdeckungsrucksak „Eis gebaute Welt“ ass d’Schoulklass equipéiert, fir dobaussen ze schaffen, sief et an der Mathematik, an den Naturwëssenschaften, an de Sproochen oder an der Konscht.

Sechs verschidde Missiounen, mat Aarbechtsmaterial fir pedagogesch Aktivitéiten, kënnen einfach, flexibel an ouni vill Opwand direkt vum Léierpersonal ëmgesat ginn.

Léiere mat Lego

Beschreiwung

D’Schülerinnen an d’Schüler kréien all Dag en neien Challenge: Se sollen eppes mat Legosstécker bauen. D’Eltere kënnen all Dag eng Foto vun der Konstruktioun maachen. No 14 Deeg huet een dann eng ganz Panoplie vu kreativen Iddien zesummegestallt.

Am PDF  fannt Dir déi verschidden Aktivitéite fir all Dag.

Material

Legosstécker

 

Tipps an Tricks