< zeréck
Op der Helpline 8002-9090 kritt Dir allgemeng Informatiounen iwwer d’Moossnamen am Bildungsberäich. Si ass an der Woch ze erreeche vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 16 Auer.
Dir kënnt zu all Moment Är Froen och schrëftlech areechen iwwert de Formulaire ënnen op dëser Säit.
Äntwerten op heefeg Froen am Kontext Covid-19 an Educatioun fannt Dir och um Internetsite vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend :
https://men.public.lu/fr/support/coronavirus.html
Allgemeng Informatiounen zum Covid-19 fannt Dir op www.covid19.lu an d’Helpline vun der Santé (Telefon 247-65533) ass bei medizinesche Froen ronderëm de Covid-19 fir iech do.
De CePAS (Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires) offréiert de Schüler, den Elteren an den Enseignanten en oppent Ouer, eng Berodung an eng Begleedung iwwer Telefon oder op Rendez-vous.
Den ONE (Office national de l’Enfance) bitt Jonken, Elteren a Famillen eng Ënnerstëtzung an eng Begleedung doheem an der Famill.
D’Helpline ass ze erreeche vu Méindes bis Freides vun 8.00 bis 18.00 Auer.