Digisnacks si kuerz, informativ Sessiounen zu engem digitalen Thema, bei deenen Dir ganz ongezwongen eppes bäiléiere kënnt. Dir kënnt aktiv matmaachen, am Chat Froe stellen, einfach nëmme nolauschteren an d’Sessioun och zu all Moment verloossen, wann Äre Virwëtz gestëllt ass an/oder Är Froe beäntwert sinn.
Dës Digisnacks ginn ëmmer um 17h Auer vun der P2P HelpDesk!-Équipe ugebueden an dauere maximal eng Stonn.
Dëse Site ass reservéiert fir Enseignanten. Fir de komplette Contenu vum Site ze gesinn, loggt Iech w.e.g. mat ärem IAM an.